James Morrison

jamesmorrison

An der englescher Stad Porth trëtt deen haut 25 Joer alen James Morrison fir d’éischte Kéier mat senger Musek an d’Öffentlechkeet. Virun Touristen a Spa- séiergänger gëtt hien als Student Coverversioune vu bekannte Soul-Klassiker zum Beschten. Seng éischt eege Songs geroden e puer Joer dono an d’Hänn vun engem gewëssen Spencer Wells, dee scho mat Muse- ker wéi David Gray a Beverly Knight zesumme geschafft huet an als NowuesScout ënnerwee ass. Dem Spencer säi Geschäftsfrënd Paul McDonald verschaaft dem James Morrison ee Plackekontrakt bei Universal Music.

Wéi hien aus dem Studio eraus kënnt, huet den James Morrison 11 Lidder opgeholl, déi am Joer 2006 op sengem Debütalbum „Undiscovererd“ eraus kommen. Den Album erreecht Plaz 1 an England an d’Top 20 an Amerika, en huet sech bis haut weltwäit méi wéi zwou Millioune mol verkaf an huet dem James Morrison 2007 de Brit Award fir dee beschte männleche Kënschtler abruecht.

De Moment begeeschtert den James Morrison mat senger aktueller Single „Broken Strings“ aus sengem zweeten Album „Songs For You, Truths For Me“. D‘Single ass zanter Wochen un der Spëtzt vun de Single an Airplaycharts. Den James Morrison iwwerzeegt och hei mat sengem raue, soulege Stil, sengem grousse romanteschen Häerz an sengem Charisma a genee dorops dierfe mir eis den 1. Juni am Atelier free’en. †

Publié par Christine Delvaux
Le 8th juin 2009
Tags:

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

*