Empire Of The Sun: Walking On A Dream

empire of the sun

Dass ee mat den 80er Joeren ni falsch läit, weisen di vill Compilatiounen iwwert dëst Joerzéngt an aktuell beweisen och Keane, dass d’80er eng gutt Inspiratioun kënne sinn. Fir „Empire Of The Sun“ waren des Joeren awer méi wéi Inspiratioun. Si liewen se komplett aus. Atmosphäresche Pop, deen op d‘Danzpist verféiert an een zréck versetzt a verluere gaange Joeren, déi sou vill méi liicht klénge wéi d‘Géigewart. Den Opener „Standing On The Shore“ mécht de Konzept gläich däitlech: Keng Hitsingelen oder Ähn- leches. D’Stëmmung ass Kinnik! Effekter am Hannergrond, héigen, liicht verzerrten Gesang, Surfgittaren, déi op Backgroundvocals a Synthesizerkläng treffen. Dat ass Empire Of The Sun.

Et ass schwéier, eenzel Lidder ervir ze hiewen, well bei „Wal- king On A Dream“ handelt et sech em e Gesamtkonschtwierk, dat net mat Originalitéit glänzt, mee mat Léift zum Detail. Sou perfekt goufen d‘Achtzeger fir d‘lescht wuel nëmmen an den Achtzeger interpretéiert. Besonnesch déi héich Téin am Gesang beweisen, dass virun näischt halt gemach gouf. E puer Lidder déi eraus stiechen an dësen Album méi ofwiesslungsräich maa- chen, gëtt et natierlech och. De psychedeleschen „Delta Bay“ kléngt besonnesch stëmmungsvoll. Gläich am Uschloss dann dat sphärescht Instrumentalstéck „Country“.

Den eigentleche Knaller kënnt awer mat „Swordfish Hotkiss Night“. White-Hop vum feinsten. Iergendwou tëscht Bloc Party, Justin Timberlake an HipHop. Da geet den Album zréck bei den Ufanksstil an et ass och nach eng Ballade dobäi, déi allerdéngs net hallef sou vill Spaass mécht, wéi d‘Dance-Titelen. Ween also nees op der Sich ass no eppes ganz anescht an och nach e Fan vun den 80er, dee soll hei zougräifen, Well sou eng Interpretatioun vun dësem Joerzéngt wäert et sou séier bestëmmt net méi ginn.

Publié par Christine Delvaux
Le 8th juin 2009
Tags:

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

*