Si mer éierlech: Een Album wéi „American Idiot”, dee sech bis elo 13 Millioune mol verkaf huet an zu de wichtegste Rock-Verëffentlechungen vum neie Joer- dausend zielt, léisst sech net einfach sou widderhuelen. Green Day hunn dann och fir deen neien Album wäit méi laang gebraucht, wéi soss üblech. Näämlech bal 5 Joer, déi allerdéngs vun diversen Tournee‘en a SpaßProjet‘en wéi de Foxboro Hot Tubs markéiert waren.
An si hunn de Problem vum „schwieregen nächsten Album“ och soss wäit méi clever ugepak Engersäits mat engem radikale Wiessel vum technesche Personal (den Nirvana Produzent Butch Vig ersetzt de Rob Cavallo), anerersäits mat engem konsequente Festhalen un hirer musikalescher Marschrichtung. Spréch: Kee Stil a Genrewiessel, a kee Versuch sech nei z‘erfannen. Green Day bleiwe sech an hirem Stil trei. Wat sech als éischtklasseg Entscheedung erweist.
Well déi 18 Stécker an 69 Minutten sinn wahrscheinlech dat Éiergäizegst, wat Green Day an hirer 23 Joer laanger Existenz eraus bruecht hunn: Eng spannend an ofwiesslungsräich Mëschung aus Power-Pop, 60er Rock, Folk a Balladen, déi sech bei illustren Virbiller wéi Led Zeppelin, The Clash, The Who, Queen oder Bruce Springsteen zerwéiert. Inhaltlech ass den Album ausserdeem eng konsequent Fortsetzung vun der „American Idiot“Thematik. Eben d‘Iwwergangsphase vum Bush op den Obama inklusiv Weltwirtschaftskrise, ongenéierte Ma- nager, religiéise Fanatiker, dekadente Vertrieder vum Showbiz an dem Verloscht vun Anstand, Moral an Zivilcourage. Een Album, dee vläicht e bëssen ze laang ass, awer trotzdem Spaß mécht. Dofir suergen Lidder wéi „Restless Heart Syndrom”, „21 Guns” oder d‘Single „Know Your Enemy”. Stécker voller Leidenschaft an Intelligenz. An zum Soundtrack vun der 1. Amtsperiod vum Barack Obama kéinte ginn. †
Christine Delvaux