Si waren Support Act vum Thomas D a sinn zu Lët- zebuerg schon laang net méi onbekannt De Läb. Wien si bis elo nach net kannt huet sollt sech elo e puer Minutten Zäit huelen well de Corbi an den David hu mat mir iwwer Hip Hop, Zukunft an Lëtzebuerg geschwat…
Wisou de Numm „De Läb“?
David Fluit: Dat läit un eisem Keller wou eis ganz Iddien entstinn. Fréier war do mengem Papp säin Fotoslabo, dono hu mir en emgebaut an e Proufsall, respektiv Homestudio an elo as et e Soundlabo: „De Läbkeller“.
Corbi: Wen ass am Haus…? David Fluit: Nach eppes! Bei eis am Keller ass den Himmel ëmmer blo an d‘Sonn schéngt ëmmer…
Hip Hop op lëtzebuergesch, dat héiert een net oft! Wisou hutt dir iech fir eis Sprooch entscheet? Well dir kënnt jo quasi nie am Ausland spillen?
Corbi: Ma et loung quasi op der Hand, respektiv op der Zong dass mir op lëtzebuergesch rappen, well eisen Bauerenakzent op franséisch oder däitsch nach méi zur Geltung kënnt. Ausserdeem si mir total houfreg drop Lëtzebuerger ze sinn, dofir representéieren mir eis Mammesprooch, eppes anescht koum eis nie an de Sënn. Ech mengen de Fluit tätowéiert sech och demnächst e roude Léiw op d‘Broscht… A firwat solle mir dann net kënnen am Ausland spillen? He? He? Mee du hues Recht, mir hun nach nie ausserhalb vu Lëtzebuerg gespillt.
David Fluit: Jo, de Corbi huet säin roude Léiw jo schon, mir wollten en zesummen man fir eis géigesäiteg d‘Hand unzehalen… nee, mee d‘Mammesprooch ass déi wou een sech am beschten kann entfalen a mir waren eis dat vun Ufank u bewosst dass mir nie iwwert d‘Grenzen eraus kommen…
Dir gitt an engem Song eng wonnerbar Aféierung an den Hip Hop. Wéi géift dir de Museksgenre/ Liewensstil dann definéieren? Wat bedeit dat fir iech?
Corbi: Hip Hop ass fir mech eng Konscht fir sech kënnen auszedrécken, et ass e Liewensgefill. Ech fille mech „hiphop” wann ech opstinn an ech fillen mech “hiphop” wann ech mech rem an d’Bett leeën. Et ass eng Saach vun der Astellung an huet näischt mat posen oder opfaalen ze dinn… ech sin sou eppes vun hiphop dat kannste dir guer net viirstellen…
David Fluit: Jo Corbi, ech fannen dech mega hiphop…
Wann een är Texter lauschtert, ass et schwéier net ze laachen, wéi kënnt een op esou Iddien? Corbi: Aflëss entstinn ënnert dem Afloss vu Wäin! Mir loossen eis vill vun eiser Gesellschaft inspiréieren, mir si vill ënnert de Leit a sou kritt een déi beschte Virlaach fir en Text um Plateau zerwéiert. Mir kucken vill Talkshowen a liesen vill d‘Lëtzebuerg Privat…
David Fluit: E grousse Merci un eist Ländchen, e schéint ma- nipuléiert Vollék… Loosst iech weider vun de Medien d‘Gehier wäschen, där sidd ganz amüsant an méi ënnerhaalent wéi d‘Flimmerkëscht.
Ginn et „Virbiller“ fir iech? Respektiv, Artisten mat deenen dir gären emol wéilt schaffen? Corbi: Jo, Virbiller as grouss gesot,… et gin ëmmer Kënschtler déi ee gutt fënnt. Ech lauschteren vill däitsche Rap obwuel do och net méi vill guddes hirkënnt (Huss und Hodn, Morlockk Dilemma).
David Fluit: De Silvio Berlusconi, ech wéilt och alles man kënnen wat ech wéilt, mir alles erlaben, ob jiddereen schäissen an keen kéint eppes dogéint man. Bon, vläit géif just meng Fra mech dann iergendwannn verloossen wëllen,… Nee, also am Moment lauschteren ech Flying Lotus, Dendemann, Fleur Earth, The Doors (mol erëm)…
Zukunftspläng?
Corbi: Haus mat Gaart, 3 Kanner, vläit e Swimming Pool,… nee quatsch! E kompakten Album fir 2010, also streckt iech un an maacht de Läb an d‘Box…! †