Annerhallef Jor huet de Jan Delay sech mat senger Band am Studio agesparteraus komm ass säin 3. Soloalbum „Wir Kinder vom Bahnhof Soul“. Et ass dem Jan Delay säin 2. Funk-Album, an dee weist op en neits dass dëse villsäitege Museker sech ëmmer weider entwéckelt.
Schonn an den 90er Joeren huet de Jan Delay mat senger Hip Hop Band „Absolute Beginner“ een éischte Succès gefeiert. Dono koum en 1. Solo-Reggae-Album an du virun 3 Joer de Funk Album „Mercedes Dance“. Dësen Album huet zwar d‘Plaz 1 vun den däitschen Albumcharts erreecht, den ham- burger Rapper war awer selwer nach net ganz zefridden. Firwat kléngen dem Quincy Jones seng Produktiounen fir de Michael Jackson sou gäil an d’Stécker op Mercedes Dance net, huet de Jan Delay sech deemools gefrot. No 200 Concerten an Optrëtter am Virprogramm vum Christina Aguilera war de Jan Delay a säin Team sech du sécher. Mier kënnen och richtege Funk machen an a groussen Halen spillen. „Wir Kinder vom Bahnhof Soul“ soll lo dem Jan Delay säin Thriller ginn.
„Wir Kinder vom Bahnhof Soul“ ass een exzellenten Album. Mee et gëtt eng bewosst Tendenz a Richtung Mainstream. Wann ee mir Regelen op zwéngt, sinn ech ëmmer ganz séier fort, behaapt de Jan Delay. Dass een heiansdo och di eege Regelen hannerfroen muss, wäert hien sécher och nach léieren. †
Christine Delvaux