Dir kennt hien bestëmmt vun der «More Than RnB» CD oder dir waart den Busta Rhymes an d‘Rockhal lauschteren wou hien fir d‘Première Partie d‘Bühn gerockt huet… ech hunn mam Nathaël iwer Musek, Projeen an Lëtzebuerg geschwat…
Wéini hues du däin Talent an däin Interessi fir d‘Musek a besonnesch R&B entdeckt?
Ech war schon ëmmer un Musek interesséiert, säit ech kleng war, besonnesch d‘Musek déi meng Eltere gelauschtert hunn, klassesch Musek, afrikanesch Musek an nach „Chanson française“…Géint 16 Joer hunn ech da vill Rap gelauschtert, mä vu dass ech ëmmer gäre gesongen hunn sinn ech ëmmer méi a Richtung R&B gaangen, dat heescht lo awer net dass ech mam Rap fäerdeg sinn.
Wat waren deng éischt musikalesch „Coups de cœur“?
Dat ass wierklech schwéier ze soen well ech bëssen vun allem lauschtere mä R Kelly, den éischten Album vu Saian Supa Crew oder Boyz II Men sinn bestëmmt ënner deenen.
Wat waren deng éischt Bühnen, éischt Gruppen, Musek-Partneren?
Meng éischt Bühn wor an engem Lycée mat menge Kollege vum A.L.S.; de K, Godié an duerno sinn nach den Trefle 4 an de Lil‘Star ukomm. Deemools hate mir nëmmen en Minidisc vun engem Kolleg fir an der Kummer opzehuelen. Mat hin- nen hunn ech wierklech meng Passioun vun der Bühn erlieft. An obwuel ech lo méi am Domaine R&B schaffen bleift A.L.S. meng éischt Famill.
Ass et schwéier sech eng platz ze man am R&B Milieu zu Lëtzebuerg, ass d’ Szeen gutt lieweg? Éierlech gesot gouf et fierun kuerzem nach keng Szeen… Mä et fänkt lues a lues un mat wuessen. Et gi puer Artisten déi cool Saache man. Läscht Joer hunn ech fir d‘CD vu MORE THAN R&B geschafft, op dëser CD hunn puer vun deenen beschte Lëtzebuerger Artisten matgemaach, wéi Bolingo oder Ravid- son mat deenen ech hautdesdaags ganz enk schaffen. An mir probéieren vis à vis vum Ausland bëssen d‘Fändelsdréier vum Lëtzebuergesche R&B/Soul Muwwement ze sinn.
Deng bescht Erënnerung vun der Bühn?
Meng bescht Erënnerungen sinn bestëmmt den éischten deel vu Busta Rhymes an der Rockhal an en anere Show zu Sal am Cap-Vert 2008. Mä ech hunn der ganz vill anerer am kapp ënner deenen meng Collaboratioun mat der Bréisseler Crew (JR, Six, Gandhi) oder nach d‘Première Partie vum Booba mat Taipan an Nytt mä mir hunn och mat Lord Kossity, Seyfu, les Neg‘Marrons d‘Bühn gedeelt.
Wat sinn deng Zukunftspläng?
Fir d‘éischt ass eng 5 Titel CD ënnerwee déi fir Ufank 2010 geplangt ass. Dann kennt mäin Master an Droit. Ech schaffen och op verschidden Projeen mam Bolingo, Ravidson an Amiel (mäin Brudder), jo ech mengen 2010 gëtt en schéinen „Jorgank“.
Deng 5 Hotspots zu Lëtzebuerg fir eppes z‘iessen, e Patt ze drénken, Party oder Musek ze lauschte- ren? Fir d‘Iessen fannen ech de Patagonia zu Hesper gutt, de Verso an Clausen fir en Béier, fir Party fannen ech perséinlech de White flott. Gutt Musek ginn ech an der Rockhal, den Atelier oder den Exit07 lauschteren. †
François Koch