De 6 Februar kennt dir se an d’Blues Station zu Perl lauschtere goen. Wann dir awer deen Daach net frei sidd, kennt dir och einfach op d’Webpage goen fir hir éischt CD ze kafen. Mat den Dali’s Dream hunn ech iwwert Musek a Projeen geschwat.
Presentéiert iech mol bëssen.
Mir sinn Dali‘s Dream, fënnef Kollegen déi zesummen Musek spillen. Eis Musek ass eng Mëschung vu Rock, Folk a Blues. De Steve sengt a spillt Trompette, de Régis ass eise lead Gittarist, den Dan ass fir rythmic Gittar do, den Yves ass eise Bassist, de Fenny ass um Keyboard mee kann och Uergel an Harmonika an „last but not least” den Jean-Marc, eisen Drummer. Virun allem sinn mir eng Live-Band, beim live-spillen hunn mir am meeschte Spaass.
Firwat Dali‘s Dream?
Den Numm kennt vu ganz am Ufank. Mir hun missen en Numm fannen. Deen éischte Café wou mir gespillt hunn hat en Bild op der Mauer deen eis un den Dali erënnert huet, dann huet den Dan einfach Dali‘s Dream gesot. Mir haaten den Numm fond. Et kann och als Referenz zu eisen Texter gesinn ginn well mir zimlech oft surrealistesch Geschichten erzielen.
Dir mëscht Reprisen an eegen Kompositiounen, wéi sidd dir op dëss Idee komm? D‘Reprisen déi mir spillen sinn eigentlech déi éischt Lidder déi mir gespillt hunn well mir déi ëmmer cool fond hunn. Et sinn och déi Lidder déi eis d‘Loscht an d‘Kreativitéit ginn hunn fireis eege Saachen ze schreiwen. Mir hunn en Repertoire vu 50 Reprisen an bis lo, 9 Lidder geschriwwen. Wann mir live spillen, wiessele mir of.
Wat sinn d‘Themaen an d‘Lidder déi dir schreift?
Den Dan schreift d‘Texter. En wichtegt Thema fir eis ass d‘positive-Attitude am Liewen. Dat heescht et muss een un sech selwer gleewen, net Angscht hunn Projeen ze lancéieren, Erausfuerderungen unzehuelen. Eis gréisst Inspiratioun fir Texter ass de Bob Dylan.
Ar bescht Bühn bis elo?
Mir hunn keng richteg bescht Bühn Erënnerung, well et eigentlech ëmmer gutt ass. Wann ee live spillt, muss een einfach am Moment liewen a probéieren eng Relatioun mam Nolauschterer z‘entwéckelen.
Wou huet d‘Band schon gespillt a, wou wäert se demnächst spillen?
Dali‘s Dream war am Entrepôt zu Arel, am Botanique zu Bréissel, zu Neumünster, am Rocket Festival zu Diddeleng an op villen verschiddenen aneren Platzen. De 6 Februar spillen mir an der Blues Station zu Perl an de 6 März wäert d‘Band am Festival An der Schleef live optrieden. Eis éischt CD ass och lo grad eraus komm. Op där kann een all eis Original Lidder fannen. Fir d‘CD oder Infos iwwert eis kann een op eis Webpage kucke goen -www.dalisdream.eu . †
François Koch