„The next big thing“ waren si ni. Wéi The Raveonettes am Jor 2003 hiren Debütalbum „Chain Gang of Love“ eraus bruecht hunn, stoungen hinnen e sëlleche grouss Nimm am Wee. The White Stripes zum Beispill oder The Kills. Decouragéiert waren The Raveonettes dovun awer net.
Ganz niewebäi hunn The Raveonettes eis kloer gemaach, dass zwou Persounen eigentlech völleg duer ginn, fir sech „Band“ ze nennen. De Gittarist Sune Rose Wagner an d’Bassistin Sharin Foo deele sech d’Gesangs- a Kompositiounsarbecht. An sou hat den Duo vu Kopenhagen säi gerechten Undeel um Garage-Sound, deen an de leschte Joren d’Danzpisten an d’Plackeregaler gefëllt huet.
Genee wéi di dänesch Dogma-Regisseuren hunn The Raveonettes bei hirer Grënnung e Manifest geschriwwen: All d’Lidder, stoung doran, sollten an Zukunft a Moll geschriwwe ginn. Schéi regelméisseg, all zwee Jor, hunn si säitdeem Alben eraus bruecht, tëschenduerch gouf et och e puer EP’en. A mat all neier Plack hu si d’Musek an de Stil gewiesselt.
Manifest hin oder hir: The Raveonettes sinn ee Pop-Chamäleon. Wou am Ufank nach eng schrammeleg „Wall of Sound“ stoung, gëtt et lo eng opgeraumte Mëschung aus Surf-Gittaren, DooWop an 80er-Jore-Syntheziser. E séisse Meedercherchouer schwéngt op hirem neien „In And Out Of Control“ mat. E verdeckt d‘Texter, déi ëmmer nach sou düster sinn wéi am Ufank vun hirer Carriere. D’Band thematiséiert falsch Liewenswee’er, Drogemëssbrauch a Selbstmord.
Virum Release vum neien Albums konnten d’Fans um Internetsite vum Plackelabel d’Lidder lauschteren an hir Meenung äusseren. Op de Votum vun der Mass Afloss op den Album geholl hat, ass net bekannt. The Raveonettes soen awer, et wier dee beschten Album vun hirer Geschicht. Op mannst bis zur nächsten Wandlung.
D’Single „Fall Hard” ass cool. Een Hit? Iergendwéi schonn. D’Fans vun de Shout Out Louds wëssen aller- déngs, wann si ganz éierlech sinn, dass dës fënnef Jonge vu Stockholm nach besser Lidder schreiwe kënnen. „Please Please Please” war sou ee perfekt Stéck, dat een um Debüt-Album „Howl Howl Gaff Gaff” fanne kann. Obwuel sou ee genialen Indie-Pop-Song net um neien Album „Work” op eis waart, ass et bis elo dee beschten Album vun der Band.
Den Album ass einfach iwwert di ganz Längt vun den zéng Lidder stëmmeg a ronn. De Frontmann Adam Olenius huet mëttlerweil säin eegene Gesangsstil fonnt. Dat sollt hoffentlech dozou féieren dass mer an Zukunft kee Verglach méi musse liesen am Genre „hien séngt wéi de Robert Smith vun The Cure”. A wou mer beim vergläichen sinn: „1999” ass weder ee Cover, nach een Hommage un de Prince (oder wéi och ëmmer hien haut heescht). D’Ziel, wéi de Prince ze sangen, hat den Adam nëmmen am finalen Titel „Too Late Too Slow”.
Wat fir vill aner Bands eng Beleidegung wär, zeechent d’Shout Out Louds aus a beschreift net nëmmen hir Musek op „Work”, mee och d’Mënschen, déi se maachen: Alles ass alles hei sou herrlech entspaant. D’Attitude, d’Posen, jo souguer d’Musek. Den Titel „Walls” zum Beispill, mat dësem ëmmer kurz opdau- chenden Saxophon, oder „The Candle Burned Out” wierken am Ufank onscheinbar. Réischt no puer mol lauschteren mierkt ee wéi besonnesch se sinn. Aarbecht ka sécherlech Spaass maachen, wann se sech wéi „Work” unhéiert. †