Eli Paperboy Reed « Come and get it »

jl

 

Den Eli Paperboy Reed ass réischt 24 Jor al, seng Stëmm héiert sech allerdéngs un, wéi wann en op mannst grad sou laang schonn an verschweessten, zougedämpten JazzBaren gesongen hätt. De Moment ass hien mat sengem aktuellen Album „Come and get it“ op Europa-Tour.

 

Zeitungen huet den Eli Reed nie ausgedroen. Schoulfrënn hunn him de Spëtznumm „Paperboy“ verpasst, well hien ëmmer eng vun dëse brongen Tweed-Mutzen opgesat hat. Haut, mat 24 Jor, huet den Eli Reed et net méi néideg, en Niewenjob ze sichen. Säin leschten Album „Roll with you“ huet him a senger Band international Unerkennung net nëmmen bei Soul-Frënn abruecht.

Den Eli Paperboy Reed erënnert un de stilbewossten an dach kräftegen R&B vun Otis Redding bis Sam Cooke, huet d‘New York Times geschriwwen. D‘Amy Winehouse sollt besser oppassen, dass him den Titel als momentan Soul-Queen net vun engem Mann ewech geholl gëtt, mengt d‘Zeitung – obwuel dem Eli Reed seng Musik mat där vum Amy Winehouse net vill gemeinsam huet.

Während d‘Amy Winehouse säin Soul mat modernen Britpop- an HipHop-Kläng mëscht, ass den Eli Reed wierklech an exklusiv old fashioned: Seng androcksvoll Soul-Stëmm ënnerleet d‘Band mat mol luesen, mol méi hekteschen Rhythmen, dorop spillen Bléiser, Gittaren a Keyboards. D‘Stëmmung oszilléiert tëscht romantescher Liebeserklärung, raucheger Whiskey-Bar-Atmosphäre a schweessegem James-Brown-Groove.

No zwee Alben fir Independent-Labels, huet den Zeitungsjong mat der staarker Stëmm grad seng éischt CD bei enger grousser Plackefirma eraus bruecht. Den Titel: „Come and Get it“. Hei geet d‘Rees a rasantem Tempo durch bal all d‘Stiler vum fréie Soul. Grad mengt een de Sam Cooke ze héieren, dann nees den Joe Tex oder den James Brown. Den Eli „Paperboy“ Reed ass zwar flattéiert, wëllt awer eigentlech just op deem selwechten Niveau sinn wéi déi aner Sänger a Bands vu haut. †

 

 

Christine Delvaux

Publié par Christine Delvaux
Le 1st juin 2010
Tags:

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

*