Ëmmer nees gären thematiséiert gëtt dee sougenannten schwieregen zweeten Album. Bei den Drums wier dat 14 Méint nom groussen Hype ëm den Debütalbum. Mee d’Museker maachen eis et schwéier, iwwerdriwwen kritesch ze sinn – well si et engem sou einfach maachen, déi 12 nei Lidder gutt ze fannen. An dat, obwuel um neien Album keng nei Ära agelaut gouf. Deen zappelege Popsound vum Debütalbum gouf bäibehalen. De Frontmann Jonathan Pierce hält weiderhin den Tempo héich an suergt fir gutt Melodien.
Nach méi wéi um Debütalbum weisen sech d’Aflëss vun der schottescher Postpunk-Band The Wake. Den Titel „What You Were“ kléngt dobäi wéi ee vergiessenen New Wave Klassiker vun 1983. Bei der éischter Single, „Money“, dogéint, schéinen The Drums sech un The Smiths inspiréiert ze hunn. Wat een Timing, fir passend zur Finanzkrise d’Zeil „I Want To Buy You Something, But I Don’t Have Any Money“! ze sangen.
Och op dësem Album hunn d’Museker d’Lidder nees all selwer produzéiert, d’Texter sinn insgesamt méi perséinlech ginn. Seelen gouf eng Trennung sou lëschteg besongen wéi op „How It Ended“, seelen gouf sou verspillt festgestallt: „I Need A Doctor“.
Deemno, léif Drums, bleift einfach wéi der sidd, sou 80er Joere- like an sou melodiéis. Iwwregens: Mat dësem neien Album kommen The Drums live op Lëtzebuerg: den 26. November op de Sonic Visioun.