Een Optrëtt bei den Olympeschen Spiller zu London, awer bei eis ass hien nach relativ onbekannt. Deen neien Album vum Frank Turner soll dat änneren.

De Frank Turner steet mat de Féiss um Buedem an entsprécht domat eigentlech guer net dem Rockstar-Image, deen ee bei senger Musek erwaarde kéint. Als Fils vun engem Diplomat ass hien a Süde vun  England opgewuess. Hien huet sech fréi fir Geschicht interesséiert, dat dunn och studéiert. A senge Lidder séngt hien ëmmer nees iwwer al Geschichten a Mythen aus senger Heemecht, der Grofschaft Hampshire. Doraus ergëtt sech och den däitleche Folk- a Country Touch a senger Musek.

Deen neien Album « Tape Deck Heart » ass schonn dee 5. Studioalbum vum Frank Turner. Musikalesch bleift hien bei sengem ganz eegene Mix aus verschiddene Museksrichtungen. Vu klasseschen Pop-Balladen bis hin zu haardem Punk-Rock ass alles dobäi. Den Titel « Four Simple Words » bréngt souguer béides – een duussen Ufank, an ee mega-rockege Refrain.

« The Way I Tend To Be » kléngt dogéint bal e bëssen wéi een nodenkleche Pop-Song  vun 3 Doors Down, « Losing Days » huet een däitlechen Country-Touch.

« Tape Deck Heart » ass duerch den Afloss vun de villen Museksrichtungen ganz ofwiesslungsräich an trotzdem erkennt een séier den typeschen Frank-Turner-Sound, deen een an all Lidd erëm fënnt

Ween mat dësem liichten Touch vu Country a Folk Problemer huet, wäert mam Album wéineg kënnen ufänken. Déi éischt Single « Recovery » ass eng ganz typesch Frank-Turner-Nummer. Wann der déi gutt fannt, wäert der och de Rescht vum Album gären hunn.

Samschdes den 21. September kënnt de Frank Turner mat deem Album live an de Club vun der Rockhal.