18 Jor spillen déi 3 Museker lo zesummen an der Band Biffy Clyro. Mat all Album ass den Erfolleg gewuess. Mam neien Album „Opposites“ hunn si fir d’éischte Kéier d’Spëtzt vun den Charts erreecht.

Iwwer 600.000 Exemplairen konnten Biffy Clyro vun hirem leschten Album  „Only Revolutions“ ënnert d’Vollek bréngen. D’Zeitung NME huet si zur beschter Live Band 2011 gewielt. Iwwert de Status vun engem Insidertipp sinn d‘Schotten laang ewech.  An dat wäert sech och net méi änneren, scho guer net mat engem sou kommerziellen Album wéi „Opposites“.

Tatsächlech hunn Biffy Clyro hei di perfekt Synthèse geschafen aus haart an lues: Rockeg genuch, fir Sympathisanten vu méi haarde Kläng z’iwwerzeegen an gefillvoll genuch fir och deene Leit ze gefalen déi eigentlech net op Alternative Rock stinn. Di aktuell Single „Biblical“ ass dat beschte Beispill fir dës Taktik, och aner Lidder um Album funktionéieren no engem ähnlechen Prinzip („Black Chandelier“).

Déi meescht Stécker um Album bidden sech fir grouss live Concerten un– dorop gouf extra opgepasst. Am Titel „Stingin‘ Belle“ sinn déi schottesch Wuerzelen a Form vun engem Dudelsaak ze héieren, bei „Spanish Radio“ sinn dem Titel entspriechend Trompetten dran. Eng Affaire de Goût.

20 Lidder goufen op den Duebelalbum gepak. Lidder mat méi düsteren Themen sinn um éischten Deel an déi méi positiv um zweeten Deel. Sou vill zu de Géigesätz, déi dem Album den Numm ginn. Musikalesch beweisen Biffy Clyro nach méi wéi op fréiere Wierker, dass si béid Genren beherrschen. Si wiesselen Tempo a Rhythmus, wéi wann et ee Kannerspill wier an huelen den Nolauschterer mat op eng Achterbunnfahrt, déi hien sou voll Adrenalin zréck léisst, dass hien direkt nees d’Repeat Tast muss drécken.

Mat deem Album komme Biffy Clyro de 15. Dezember live an d’Rockhal.