D‘Singer-/Songwriter-Szene huet een neie Liiblingsmuseker: James Bay heescht dee jonke Mann aus England, deen ëmmer mat Hutt optrëtt, an de Moment mat dësem Hit a ganz Europa ze héieren ass.

Dobäi huet den James Bay als Kand éischter zoufälleg dem Papp seng Gittar doheem entdeckt an se vun do un net méi lass gelooss. Kuerz drop fänkt hien un, eegen Lidder ze komponéieren, ëmmer op der Sich no Héngerhautmomenter, mat deenen hien, wéi e seet, de Publikum verzauberen wëllt. Den James Bay gëtt séier als neie Geheimtipp gehandelt an an der Londoner Szene als Support-Act fir bekannt Museker gebucht. Ee Video vu senger Performance fält dem Chef vun enger amerikanescher Plackefirma an d’Gräpp an da geet et ganz séier: Den James Bay kritt ee Plackekontrakt an däerf 2013 am Virprogramm vun de Rolling Stones spillen.

Mëttlerweil ass lo och dem James Bay säin Debütalbum ze kréien an deen iwwerrascht mat vill Ofwiesslung. Gläich deen 1. Titel „Craving“ mécht kloer, dass den James Bay net nëmmen e Kuschel-Sänger ass, mee dass seng Lidder och rocke kënnen.

Di aktuell Single „Hold Back The River“ ass zwar en Tick méi gefillvoll, awer och nach keng richteg Ballade. Réischt deen 3. Titel „Let It Go“ weist de Sänger vu senger duusser Säit.

Géint Enn vun der Plack gëtt et dann eng weider Iwwerraschung mat der rockeger Nummer „Collide“ mat funkege Gittaren.

Fazit: Um ganzen Album spillt den James Bay gekonnt mat den traditionelle Folk-a Rock-Elementer, a kléngt dobäi och zimlech melodiéis. Dass hien fir verschidde Leit just als besser Mainstream-Pop duerchgeet, als eng bësse méi sympathesch Variant vum James Blunt, dierft him bei sengem aktuelle Succès dann och egal sinn.

De 27. Juni kënnt den James Bay mat sengem Debütalbum live an d’Rockhal.

James Bay