Plaz 3 an den USA, Plaz 8 an England, Plaz 5 an Däitschland. Riets geet vun „Ho hey“, der alleréischter Single vum Folkrock-Trio The Lumineers. D’Rezept: zweestëmmege Gesang, Tambourin, gutt Laun.

Mat « Cleopatra » hunn di 3 Museker aus Colorado lo hiren 2. Album um Start. Een 2. « Ho hey » sicht een op deem Album awer ëmsoss. Net well d’Band net capabel ass, een 2. Hit ze schreiwen, mee well si dës Kéier anescht un de Songwriting eru geet.

Verschidde Leit menge lo, ouni Hit wieren The Lumineers just eng vu ville Folk-Rock-Gruppen. Ganz sou einfach a langweileg ass et dann dach net. Mat der Single « Ophelia » erweidert d’Grupp hire Sound zum Beispill ganz uerdentlech: Handclaps an Tambourin gi bäibehalen, et kënnt aewr nach een dramatesche Piano dobäi.

Deen Titel dono mam Numm « Gun song » ass dogéint kee vun den Highlights. D’Melodie passt hei  net zu deem seriöën Thema Waffebesëtz. Méi positiv dogéint fält « Sick in the head » op, mat akustescher Gittar a Violine.

Ëmmer nees weisen d’Lumineers op hirem neien Album dass si ee grousst Potenzial hunn. Méi Ofwiesslung deemno hei wéi um Wierk virdrun, dofir awer manner Hits. Fazit: « Cleopatra » ass manner kommerziell wéi den Debütalbum, awer et lount sech trotzdem bis eran ze lauschteren.

Mat hirem neien Album kommen The Lumineers den 12. November op de Sonic Visions Festival an d’Rockhal.