Hannert dem Kënschtlernumm Parov Stelar stécht den éisträicheschen DJ a Produzent Marcus Füreder. Bekannt gouf de Parov Stelar duerch säi Faible fir  Electroswing, eng Mëschung aus Dance a Swing. Op sengem neien Album „The Burning Spider“ dréit hien dem Swing zwar net komplett de Réck, mee hien setzt een anere  Genre an de Mëttelpunkt- nämlech de Blues, deen de Parov Stelar mat moderne Beats kombinéiert.

 

Virreider vun dësem Prinzip war dem Moby säin Album „Play“ vun 1999. Dësen amerikaneschen Elektro-Museker huet hei Dance-Tracks mat ale Blues-Samples verbonnen. Op 5 Lidder vu sengem neien Album setzt lo och de Parov Stelar op d’Kraaft vun deenen alen Blues-Klassiker. Den Titeltrack „The Burning Spider“ zb fänkt d‘Stëmm vum Blues-Sänger Lightnin Hopkins an.

D’Blues-Legend Muddy Waters inspiréiert den DJ um Titel „Soul Fever Blues“, wou di legendär Stëmm vum Sänger mat Piano-House-Melodien ënnerluecht gëtt. Nieft de Bluesstécker fënnt een ënnert den 14 neie Lidder awer och Stécker, déi réng guer näischt mat dësem Blues-Sound ze dinn hunn. „Step Two“ zum Beispill, gesongen vum Parov Stelar senger Fra, ass ee klasseschen Dance-Titel, deen un dat fréit Madonna erënnert. Aner Produktiounen wéi „Mama Talkin“ oder „Black Coffee“ sinn dogéint nees klassesch Electroswing-Stécker.

Kléngt no vill Ofwiesslung, allerdéngs ass d‘Heterogenitéit vum Album kee Plus-Punkt. Et wier besser gewiescht, wann de Parov Stelar probéiert hätt, iwwer länger Zäit eng gewësse Stëmmung ze schafen oder eng Geschicht z’erzielen. De Parov Stelar kënnt Dënschdes den 20. Mäerz 2018 mat sengem neien Album live an d’Rockhal.